D’Juegdschlass – vun 1873 bis haut

1873 gouf d’Juegdschlass vun de Lëtzebuerger Stolbaroen (ARBED) als Juegdpavillon gebaut.

D’Gebai ass zënter dem 19. Joerhonnert dacks erweidert ginn. Bis zu senger haiteger Form goufe no a no d’Annexen ugebaut
1935 huet e privaten ‘Exploitant’ d’Juegdschlass kaaft an huet et dem Public zougänglech gemaach, ënnert dem Numm ‘Café Juegdschlass’.

D’Juegdschlass gouf als ‘gîte’ gebaut an d’Haus ass senger Bestëmmung ëmmer trei bliwwen. Säit e puer Generatiounen appreciéieren d’Leit zu Lëtzebuerg de Kascht an d’Athmosphär vum Juegdschlass.

Zënter 1986 féiert den aktuelle Besëtzer, d’Société SCI, Doamine Paul-James-Barthelemy d’Haus um Rand vum Bambësch.

No an no huet d’Gebai seng haiteg Form kritt. Den Haaptdeel ass komplett erhale bliwwen an d’Juegdschlass krut seng Veranda an den Ubau vum viischte Sall.

Am Laf vun de Joren waren zu der Säit vun der Terrass héich Beem gewuess, déi virue puer Joer hu missen ewechgeholl ginn, esou dass een haut erëm wéi fréier vum eemolegen Ausbléck op d’Uelzechtdall profitéieren kann.