D’Fréijoer hält Anzuch an domat kënnt dir och schonn vun eiser Terrass profitéieren. D’Wieder ass am Abrëll heiansdo launesch, mee u schéinen Deeg zerwéiere mir Iech och baussen oder mat oppener Dir op onser Veranda.

An der Summersaison ass op onser Terrass de ganzen Dag vill lass. Mir bieden Iech ëm äert Versteesdemech, dass mir Iech keen Dësch op der Terrass reservéiere kënnen. Well ons grouss Terrass awer eng etlech Dëscher huet fannt dir mat e bëssche Gedold ëmmer eng Platz.