Elo kënnt dir Iech erëm op ons excellent wäiss Spargelen aus der Champagne freeën. Ons Spargelen ginn vum Produzent direkt bei ons op d’Juegdschlass geliwwert wou mir se ëmmer ganz frësch fir Iech verschafen.

Nieft ville klasseschen Zoubereedungen, wéi ‘Asperges mousseline’, ‘Asperges au jambon’ … proposéiere mir Iech wärend der Spargelzäit och ons Suggestioune, wéi z.B. ‘Tagliatelles aux Asperges’, asw.

D’Spargelsaison dauert ofhängeg vun de Wiederkonditioune vun Abrëll bis Mëtt Juni.