Wëllkomm um Juegdschlass

Eemoleg am Bambësch

Mir si fir Iech op…

 

… vun 11.00 bis 23.00 Auer.
Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag,
z.B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg.
An dësem Fall ass Dënschdes zou.

Donneschdes ass de ganzen Dag zou!

Entréeen, Fësch & Suggestioune an och ‘Petite Restauration’ zervéiere mir ouni Ënnerbriechung, vun 12.00 bis 21.30 Auer.

Während der Saison (Abrëll bis September)
vun 12.00 bis 22.00 Auer.

E Stéck nationale Folklor zu Lëtzebuerg

De Café-Restaurant ‘Juegdschlass’ am Bambësch ass zënter Generatiounen e Begrëff zu Lëtzebuerg.
 An der kaler Joreszäit kënnt dir Iech no engem schéine Spadséiergang am Bësch beim Holzuewen opwiermen an eng vun de ville Spezialitéite op eiser Wanterkaart genéissen.

D’Juegdschlass, mat senger onverwiesselbarer Atmosphär ass déi perfekt Plaz fir Frënn ze treffen oder mat der Famill ze feieren. Ouni Zweiwel ass d’Juegdschlass ‘E Stéck nationale Folklore’.

Mam Auto

Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 30 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.

ouni Traapen

Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Am Rollstull, mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.

Fir Kanner

Fir d’Kanner ass eng Visite um Juegdschlass ëmmer en Erliefness. Op onser Kaart proposéiere mir och speziell Kannermenuen.

Mam Mupp

Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm – natierlech un der Léngt.