Mir si fir Iech op …
… vun 11.00 bis 23.00 Auer.
Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag,
z.B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg.
An dësem Fall ass Dënschdes zou.
Donneschdes ass de ganzen Dag zou!
Entréeen, Fësch & Suggestioune an och ‘Petite Restauration’ zervéiere mir ouni Ënnerbriechung, vun 12.00 bis 21.30 Auer.
Während der Saison (Abrëll bis September)
vun 12.00 bis 22.00 Auer.
E Stéck nationale Folklor zu Lëtzebuerg
Säit Generatiounen ass de Café-Restaurant ‘Juegdschlass am Bambësch zu Lëtzebuerg e Begrëff.
An der kaler Joreszäit invitéiert de gemittlechen Interieur sech no enger laanger Wanter- oder Hierscht-Promenade nieft eisem eenzegaartegen Holzuewen opzewiermen.
Anerer feiere gären an der eenzegaarteger Atmosphär um Juegdschlass hir Fester mat Famill a Frënn. E Stéck ‘Nationale Folklor‘ eben.
Mam Auto
Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 30 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.
ouni Traapen
Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Am Rollstull, mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.
Fir Kanner
Fir d’Kanner ass eng Visite um Juegdschlass ëmmer en Erliefness. Op onser Kaart proposéiere mir och speziell Kannermenuen.
Mam Mupp
Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm – natierlech un der Léngt.