Wëllkomm um Juegdschlass
Eemoleg am Bambësch!Mir sinn am Congé
vum 20 Dezember 2022
bis de 6 Januar 2023.
D’Equipe vum Juegdschlass
wënscht Iech Schéi Feierdeeg
an e glécklecht a gesond Neit Joer!
Mir si fir Iech op …
… vun 11.00 bis 23.00 Auer.
Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag,
z.B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg.
Donneschdes ass de ganzen Dag zou!
Entréeen, Fësch & Suggestioune an och ‘Petite Restauration’ zervéiere mir ouni Ënnerbriechung, vun 12.00 bis 21.30 Auer.
Während der Saison (Abrëll bis September)
vun 12.00 bis 22.00 Auer.
E Stéck nationale Folklor zu Lëtzebuerg
Säit Generatioune ass d’Juegdschlass am Bambësch a ganz Lëtzebuerg an iwwer d’Grenzen eraus e Begrëff.
Déi eng komme fir sech am Wanter oder Hierscht no enger laanger Promenade am Bësch opzewiermen an de Kascht ze genéissen oder sech am Summer op der Terrass am Schied ze erfrëschen.
Anerer feiere gären an der eenzegaarteger Atmosphär um Juegdschlass hir Fester mat Famill a Frënn. E Stéck ‘Nationale Folklor‘ eben.
Neies vum Juegdschlass
D’Moule sinn do!
Elo fannt dir erëm Moulen ënnert eise Suggestioune - 'selon arrivage'! Natierlech sinn eis Moulen ëmmer ganz frësch a vu beschter Qualitéit. Dir hutt d'Wiel teschend verschiddene Preparatioune, wéi z. B. 'au vin blanc',à la crème',à la provencale''au curry', mat...
E neie Roudag!
Sait dem Juni 2022 si mir och Donneschdes de ganzen Dag zou! Hei eis Ëffnungszäten am Iwwerbléck:Mir sinn op, all Dag vun 11.00 - 23.00 Auer. Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag, z. B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg. Donneschdegs ass zou.
Mam Auto
Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 30 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.
ouni Traapen
Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Am Rollstull, mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.
Fir Kanner
Fir d’Kanner ass eng Visite um Juegdschlass ëmmer en Erliefness. Op onser Kaart proposéiere mir och speziell Kannermenuen.
Mam Mupp
Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm – natierlech un der Léngt.