Wëllkomm um Juegdschlass

Eemoleg a mëtten am Bambësch!

Mir si fir Iech op …

 

… vun 11.00 bis 23.00 Auer.
Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag,
z.B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg.

Entréeen, Fësch & Suggestioune an och ‘Petite Restauration’ zervéiere mir ouni Ënnerbriechung, vun 12.00 bis 21.30 Auer.

Während der Saison (Abrëll bis September)
vun 12.00 bis 22.00 Auer.

Mir sinn am Congé
vum 27 August bis
den 3 September inclus!

E Stéck nationale Folklor zu Lëtzebuerg

Säit Generatioune ass d’Juegdschlass am Bambësch a ganz Lëtzebuerg an iwwer d’Grenzen eraus e Begrëff.

Déi eng komme fir sech am Wanter oder Hierscht no enger laanger Promenade am Bësch opzewiermen an de Kascht ze genéissen oder sech am Summer op der Terrass am Schied ze erfrëschen.

Anerer feiere gären an der eenzegaarteger Atmosphär um Juegdschlass hir Fester mat Famill a Frënn. E Stéck ‘Nationale Folklor‘ eben.

Elo aktuell

Elo gëtt e Wëld

Elo gëtt e Wëld

.Elo am Hierscht kënnen mir Iech erëm nieft onser normaler Hierscht- a Wanterkaart ons Wëld Spezialitéite proposéieren. An onser Kiche gëtt nëmmen frëscht Wëld benotzt, dofir heescht et bei ons um Juegdschlass "selon arrivage". Äre Serveur proposéiert Iech gären...

Weider liesen
Corona Virus

Corona Virus

Léiw Frënn vum Juegdschlass,   Wéi dir secher wësst, si mir wéi all Café a Restaurant hei am Land, wéinst der aktueller Entwécklung vum Corona Virus, gezwongen eng Paus ze maachen. Mir hoffen Iech alleguerten ganz geschwënn gesond a monter bei ons um Juegdschlass erëm...

Weider liesen
D’Spargele sinn do!

D’Spargele sinn do!

Elo kënnt dir Iech erëm op ons excellent wäiss Spargelen aus der Champagne freeën. Ons Spargelen ginn vum Produzent direkt bei ons op d'Juegdschlass geliwwert wou mir se ëmmer ganz frësch fir Iech verschafen. Nieft ville klasseschen Zoubereedungen, wéi 'Asperges...

Weider liesen

Am Auto

Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 30 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.

ouni Traapen

Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Am Rollstull, mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.

Fir Kanner

Fir d’Kanner ass eng Visite um Juegdschlass ëmmer en Erliefness. Op onser Kaart proposéiere mir och speziell Kannermenuen.

Mam Mupp

Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm – natierlech un der Léngt.

Heiansdo wëllt dir wëssen ob der de Prabbeli musst huelen, ob der e Pullover apaken oder mat kuerzen Äerm erausgoe sollt.

Hei ass d’Wieder vun haut an den nächsten Deeg um Juegdschlass!

ciel dégagé 5° C 4° C | 6° C 1.5 m/s 75 % 1020 hPa
  • 27/11/2020 ciel dégagé 7° C
  • 28/11/2020 ciel dégagé 8° C
  • 29/11/2020 peu nuageux 4° C

Kontaktéieren

 +352 337137
  400, rue des Sept-Arpents
L-1149 Lëtzebuerg

Kommen a goen

All Dag vun 11.00 bis 23.00 Auer. Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag, z.B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg.


Walfy flexibus: 8002 20 20

CAll A BUS
(Méindes - Samschdes vun 9.00 - 23.00 Auer): 4796-4797

Reservéieren

Reservatiounen huele mir nëmmen iwwer Telefon un.

Platzen op der Terrass kënne mir leider net fir Iech reservéieren.

Bezuelen

All Präiser op onser Kaart sinn mat TVA (3% oder 17%) & Service.

Mir acceptéieren:
Visa, EC/MC, V-Pay, an och 'Cheques repas' (Sodexho, Accor & TR).
Dir kënnt mat der Kaart bei ons ab 20 € bezuelen.

error: Content is protected !!