Wëllkomm um Juegdschlass
Eemoleg a mëtten am Bambësch!Mir si fir Iech op …
… vun 11.00 bis 23.00 Auer.
Méindes as zou, ausser et ass e Féierdag,
z.B. Ouschterméindeg oder Päischtméindeg.
Entréeen, Fësch & Suggestioune an och ‘Petite Restauration’ zervéiere mir ouni Ënnerbriechung, vun 12.00 bis 21.30 Auer.
Während der Saison (Abrëll bis September)
vun 12.00 bis 22.00 Auer.
E Stéck nationale Folklor zu Lëtzebuerg
Säit Generatioune ass d’Juegdschlass am Bambësch a ganz Lëtzebuerg an iwwer d’Grenzen eraus e Begrëff.
Déi eng komme fir sech am Wanter oder Hierscht no enger laanger Promenade am Bësch opzewiermen an de Kascht ze genéissen oder sech am Summer op der Terrass am Schied ze erfrëschen.
Anerer feiere gären an der eenzegaarteger Atmosphär um Juegdschlass hir Fester mat Famill a Frënn. E Stéck ‘Nationale Folklor‘ eben.
Elo aktuell
Corona Virus
Léiw Frënn vum Juegdschlass, Wéi dir secher wësst, si mir wéi all Café a Restaurant hei am Land, wéinst der aktueller Entwécklung vum Corona Virus, gezwongen eng Paus ze maachen. Mir hoffen Iech alleguerten ganz geschwënn gesond a monter bei ons um Juegdschlass erëm...
Elo gëtt e Wëld
.Elo am Hierscht kënnen mir Iech erëm nieft onser normaler Hierscht- a Wanterkaart ons Wëld Spezialitéite proposéieren. An onser Kiche gëtt nëmmen frëscht Wëld benotzt, dofir heescht et bei ons um Juegdschlass "selon arrivage". Äre Serveur proposéiert Iech gären...
D’Spargele sinn do!
Elo kënnt dir Iech erëm op ons excellent wäiss Spargelen aus der Champagne freeën. Ons Spargelen ginn vum Produzent direkt bei ons op d'Juegdschlass geliwwert wou mir se ëmmer ganz frësch fir Iech verschafen. Nieft ville klasseschen Zoubereedungen, wéi 'Asperges...
Am Auto
Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 30 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.
ouni Traapen
Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Am Rollstull, mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.
Fir Kanner
Fir d’Kanner ass eng Visite um Juegdschlass ëmmer en Erliefness. Op onser Kaart proposéiere mir och speziell Kannermenuen.
Mam Mupp
Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm – natierlech un der Léngt.
Heiansdo wëllt dir wëssen ob der de Prabbeli musst huelen, ob der e Pullover apaken oder mat kuerzen Äerm erausgoe sollt.
Hei ass d’Wieder vun haut an den nächsten Deeg um Juegdschlass!
- 27/02/2021 ciel dégagé 7° C
- 28/02/2021 ciel dégagé 9° C
- 01/03/2021 ciel dégagé 10° C
Kontaktéieren
+352 337137
400, rue des Sept-Arpents
L-1149 Lëtzebuerg
Kommen a goen
Walfy flexibus: 8002 20 20
CAll A BUS
(Méindes - Samschdes vun 9.00 - 23.00 Auer): 4796-4797
Reservéieren
Reservatiounen huele mir nëmmen iwwer Telefon un.
Platzen op der Terrass kënne mir leider net fir Iech reservéieren.
Bezuelen
All Präiser op onser Kaart sinn mat TVA (3% oder 17%) & Service.
Mir acceptéieren:
Visa, EC/MC, V-Pay, an och 'Cheques repas' (Sodexho, Accor & TR).
Dir kënnt mat der Kaart bei ons ab 20 € bezuelen.