Wëllkomm um Juegdschlass.

Eemooleg am Bambësch

Reservatiounen:

+352 337137

Ons Ëffnungszäiten:

vun 11.00 bis 23.00 Auer.

D'Kichen ass ouni Ënnerbriechung op
vun 12.00 bis 21.30 Auer.

Méindes an Donneschdes
ass de Restaurant de ganzen Dag zou.

E STÉCK NATIONALE FOLKLOR ZU LËTZEBUERG.

De Café - Restaurant 'Juegdschlass' feiert 40 Joer.

De Café-Restaurant ‘Juegdschlass’ am Bambësch ass zënter Generatiounen e Begrëff zu Lëtzebuerg.
 Vun 1986 u gëtt de Restaurant vum Marc Barthelemy gefouert.

D’Juegdschlass, mat senger onverwiesselbarer Atmosphär ass déi perfekt Plaz fir Frënn ze treffen oder mat der Famill ze feieren. Ouni Zweiwel ass d’Juegdschlass ‘E Stéck nationale Folklor’.

Eng kuerz Geschicht vum Juegdschlass

D'Geschicht vum 'Juegdschlass' geet zréck op d'Joer 1873. An där Zäit huet de bekannten Industriellen Émile Metz dëst Gebai op sengem Juegdrevéier am Bambësch gebaut. D'Architektur war innovativ, de Bau den entworf gouf fir als Juegdpavillon ze déngen gëtt vun engem Gerüst aus Stol gehalen.

An enger kompakter Bande Dessinée, ‘Eng kuerz Geschicht vum Juegdschlass’, invitéiere mir Iech, a grousse Schrëtt duerch 150 Joer Lëtzebuerger Geschicht ze goen, ze entdecke wéi de ‘Café-Restaurant Juegdschlass’ entstanen ass  – an esouguer e Bléck an d’Zukunft ze werfen.

MAM AUTO

Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 25 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.

OUNI TRAAPEN

Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.

MAM MUPP

Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm - natierlech un der Léngt.