Am Bësch
Seng Gréisst an d’Villfalt un ënnerschiddleche Liewensräim, vum Rand bis déif an de Bësch eran, maachen de Bambësch zu engem Uert, den eenzegaarteg Observatiounen erméiglegd, a wou een heiansdo, onerwaart ee vu senge villen Bewunner begéint.
Mat e bësschen Hannergrondwëssen a wann een opmierksam kuckt, kann all Spadséiergang en interessanten Entdeckungs-Tour ginn.
Op dëser Säit stelle mir Iech 12 Bëschbewunner vir, déi Iech am Bambësch méiglecherweis iwwert de Wee lafen…