De Schwaarzspiecht
dryocopus martius
De gréisste vun eise Spiechte kann sech gutt u säi Liewensraum upassen, huet awer am léifste Biche-Bëscher an deenen et och Fichten a Kiefere gëtt.
Seng Hiel hummert hien an de Stamm vun décken héije Bichen an zitt do seng Jong op. Nodeems hie seng Hiel verlooss huet, gëtt dës oft vun anere Vullenzorten, Kaweechelcher oder dem Marder iwwerholl.
Um Schwaarzspeicht sengem Menu sti virun allem Seechomessen, am Summer Zorten déi am Holz liewen, am Wanter plënnert hie virun allem d‘Kéip vu Bësch-Seechomessen um Buedem.