
Biller vum Juegdschlass a ronderëm
Jiddereen de bei ons op d’Juegdschlass kënnt, huet um Heemwee ganz vill Biller am Kapp: Sief et d’Faarwen an d’Formen vun der eenzegaarteger Nature, ronderëm d’Juegdschlass, déi grandios Aussiicht vun onser Terrass oder déi pittoresk Detailer, déi d’Ariichtung vum Restaurant Juegdschlass ausmaachen.
Op dëser Säit gi mir Iech en ‘Avant-goût’ vun dem wat Iech um Juegdschlass erwaart.
Ons Billergallerie

Onse Pol
Säit Kuerzem gëtt am Bësch ronderëm d’Juegdschlass, och am Gaart an esou guer schonns e puer Mol am Haus selwer reegelméisseg e klénge ‘Männche’ gesinn. Hien wier, wéi Zeien ons soten immens séier a wéinst senger klenger Gréisst schwéier ze entdecken. De Siichtungen no gesäit hien aus wéi eng lieweg Eechel an huet och genee déi Gréisst.
Wéi et ausgesäit huet dat kléngt Bëschwiesen d’Juegdschlass zu sengem Heem gewielt.Mir hunn hien ‘Pol’ genannt.
Vläicht gesitt dir jo och dat eent oder anert Mol de ‘Pol’ vum Juegdschlass – et lount sech op alle Fall ganz genee ze kucken…