Den Dachs

meles meles

Den europäeschen Dachs ass e Raubdéier aus der Marderfamill.

Populär, besonnesch an de Fabelen, gëtt hien och «Grimbart» genannt. Den Dachs bewunnt gären Deeler vum Bësch mat vill Gehëlz, wou hien säin ausgedeente Bau, meeschtens an en Hiwwel era grieft. Et ass net seelen, dass den Dachs sech mam Fuuss e Bau deelt.

Op sengem Menu steet jee no Joreszäit déiereschen oder planzleche Kascht. Haaptsächlech sinn dat Wierm, mee och Insekten, kleng Mamendéieren, Friichte vum Feld a Bieren.