De Bëschkauz

strix aluco

Dës mëttelgrouss Eil jot nuets a schléift daagsiwwer verstoppt an enger Bamkroun, oft a Bëscher oder Bam-gruppen, déi sech mat oppene Flächen ofwiesselen.

Säin Nascht huet de Bëschkauz an huele Bamstämm, awer och an enger Hiel am Fiels oder op enger passender Plaz an engem Gebai.

De Bëschkauz frësst haaptsächlech Mais, och emol e Kaweechelchen oder e Kanéngchen.

Vu September bis November an am Ufank vum Fréijoer héiert een owes oft dem männleche Bëschkauz säin typesche Ruff.