De Guckuck
cuculus canorus
Säi Numm verdankt dësen Zuchvull dem opfällege Ruff vum Männchen.
De Wanter verbréngt de Guckuck an Afrika, südlech vum Äquator. Bei eis ass hien Mëtt Abrëll bis Ufank Mee zeréck.
D‘Weibchen leet déi meeschte vu sengen Eer an d‘Nascht vun anere Vullenaarten (Fir gewéinlech awer nëmmen eent pro Nascht). Dës Eeër sinn e bëssche méi grouss wéi dem Wiert seng, e Guckuck-Weibchen kann awer d’Faarf an d‘Muster vum Wiert sengen Eeër nomaachen, den dann d’Eeër ausbréit, an ouni et ze mierken, déi ganz Aarbecht fir de Guckuck mécht.
De Guckuck frësst bal nëmmen Insekten, awer ochemol Wierm, Schlécken oder jonk Fräschen.