D’Kaweechelchen

sciurus vulgaris

Dat eurasescht Kaweechelchen ass a bal ganz Europa an och a groussen Deeler vum asiatesche Kontinent doheem.

Kaweechelcher si gréisstendeels nuetsaktiv. Si ernären sech haaptsächlech vun Nëss a Somkären, méi seelen awer och vun Insekten, Eeër, jonk Villercher an anere kléngen Déieren.

Si liewen an de Beem, sinn dowéinst ganz geschéckerlech am Kloteren, a kommen nëmme fir d‘Sich no Iessen op de Buedem. Hir Näschter (Kobel) baue se meeschtens a Form vun enger Kugel aus kléngen Äscht a Blieder an der Gafel vun engem Bam oder enger Bamhiel.