D’Réi
capreolus capreolus
Bëschgebidder mat landwirtschaftleche Fläche ronderëm, bidden dem Réi e grousse Liewensraum. Grondsätzlech bleiwe Réi an dem Gebitt, an dem se gebuer sinn.
Gëtt d’Populatioun op der Plaz ze grouss, ass dat awer schwiereg.
Am fréien Hierscht, no der Brunftzäit, dinn sech d‘Réi zu Ruddelen zesummen. E sougenannte‘ Sprong‘ gëtt meeschtens vun enger ‘Rick‘ geleet, déi op mannst e Jongt huet.
Wéi eng Planzendeeler, Kraider, Gräser oder Bieren d’Réi am Léifste friessen, hänkt vun der Joreszäit of.