D’Wëllschwäin

sus scrofa

Wëllschwäi passen sech den ënnerschiddlechste Liewensraim un a sinn ausgesprachen Allesfrësser. Op der Sich no Wuerzelen, Wierm, Larven, Mais, Schlécken oder Champignone wullen si de Buedem op.

Besonnesch grouss Wëllschwäi Populatioune gëtt et a Mëschbëscher mat vill Bichen an Eechen, an deenen et suppeg Regiounen a Wisen-änlech Lichtunge gëtt.

Wëllschwäi kënnen erhiefleche Wëldschued op de Felder verursaachen.
Si friessen all Friichte vum Feld, déi a Mëtteleuropa ugebaut ginn. Bei de Gromperen ënnerscheeden si souguer tësche verschiddenen Zorten, a friesse besonnesch gäre Fréi-Gromperen.