De Kéiseker oder Däreldéier

erinaceus europaeus

Kéiseker hunn eng Virléift fir dréche Gebitter, net ze dicht Bëscher, Wisen an och Gäert. Den Agank vun hirem Bau ass meeschtens gutt verstoppt. Bannendran ass de Bau mat dréchener Vegetatioun isoléiert a gepolstert.

De Kéiseker huet eng wierksam Waff fir sech ze verdeedegen: ongeféier sechs- bis achtdausend Stachelen um Réck an op de Säiten. Bei Gefor kann hie sech zu enger Bull zesummerullen.

De Kéiseker ernäert sech haaptsächlech vun Insekten an hire Larven, Réngelwierm oder Schlécken.