De Fuuss

vulpes vulpes

De Fuuss ass net kriddeleg wat säi Liewensraum ugeet. Bëscher, Wisen, Felder a haut des Daags och an oder nieft enger Uertschaft fillt hien sech ganz wuel.

Fir gewéinlech grieft de Fuuss e Bau an de Buedem, mee och e Gaardenhaischen, eng Fielsspalt oder en huele Bamstamm kann de Fuuss benotze, fir do säi Nowuess grousszezéien.

De Fuuss ass en Allesfrësser. Haushénger, Inten a Gänse fänkt hie virun Allem wann e Jonger huet, well dann d‘Bedierfnes u Fudder ganz héich ass. Am Summer frësst hien och gäre Friichten, mat enger Virléift fir séiss Zorten, wéi Mirabellen, Quetschen a Kiischten.