Den Huer oder Hengerdéif
astur gentilis
Den Huer (Habicht) kënnt bei eis esouwuel a groussen, zouenen Bëscher, ewéi och an der oppener Kulturlandschaft fir, wann et do vereenzelt Hecken a Straicher gëtt.
Säin grousst Nascht baut den Huer ganz uewen an der Kroun vun op mannst 60 Joer ale Beem.
Den Huer jot am Fléien kléng bis mëttelgrouss Vullen a verschidde Mamendéieren, ewéi Kanéngercher, Raten an heiansdo Kaweechelcher. Well dëse grousse Gräifvull och emol Hénger, Inten a Bréifdauwe fänkt, gëtt hien och ‘Héngerdéif‘ genannt.