De groussen Abendsegler

nyctalus noctula

De groussen Abendsegler, eng vun de gréisste Flantermais an eiser Regioun, lieft haaptsächlech am Bësch. Si schléift am Dag a Bamhielen an ass nuets, am spéiden Hierscht awer och daags- iwwer, op der Juegd no Insekten. Am Flug erreecht si dobäi Geschwindegkeete vu bis zu 60 km/h.

Als typesch Bëschfliedermais bewunnen Abendsegler meeschtens al Spiecht-Hielen an de Beem.
Fir hiert Wanterquartéier sichen si sech, oft a Gruppe vu bis zu dausend Déieren, al Gebaier oder Brécken aus.