D’Beschmaus
apodemus sylvaticus
Déi relativ kléng Bëschmaus (18 – 25 gr) zielt zu den heefegste Mamendéieren an Europa a bewunnt, entgéint hirem Numm éischter oppe Landschaften, ënner anerem landwirtschaftlech genotzte Beräicher, de Bord vum Waasser oder Parken.
Bëschmais si gréisstendeels nuetsaktiv a kënne gutt kloteren. Hiren déiwe Bau huet ëmmer 2 Agäng mat 2 Beräicher: ee fir d‘Nascht, an ee fir d‘Provisiounen. Iwwert de Wanter liewen an engem Nascht e puer Déieren zesummen.
Bëschmais sinn Allesfrësser: Somkären, Friichten, Eechelen, Buchecker, Hieselnëss, Knospen, Champignone, Wuerzelknollen an Insekten stinn op hirem Menu.